Kambodscha: US-Touristinnen maache plakeg Photoen am Tempel

Am Kambodscha hunn zwou Touristinnen an engem Tempel plakeg Photoen vu sech gemaach. Si goufe verhaft.

Leschten Update: 07.02.2015, 09:44:40

© afp

Well si an der berühmter Tempelanlag Angkor Wat plakeg Photoe vu sech gemaach hunn, sinn zwou Touristinnen aus den USA am Kambodscha verhaft ginn.

Wéi Autoritéite matdeelen, goufen di zwou Schwësteren, déi 20 an 22 Joer al sinn, komplett onbekleet am Preah-Khan-Tempel entdeckt.

Di jonk Fraen hätten "zouginn, dass d'plakeg Photoen e Fehler waren".

Eng Spriecherin vum  Angkor Wat Tempel sot, di jonk Fraen hätten méiglecherweis net gewosst, dass et sech ëm een "hellegen" Uert handelt. Trotzdem wier hiert Verhalen "net adaptéiert". 

D'Touristinnen goufe festgeholl a verhéiert.