
© AFP
Richteg gelies: Eng Mamm huet ee ee Meedchen op d’Welt bruecht dat sengersäits well schwanger war. Dëse Fall gouf elo an der aktueller Editioun vum „Hong Kong Medical Journal“ verëffentlecht. Dëst Phänomen gëtt "Foetus in foeto" genannt.
Dat klengt Meedchen hat zwee Föten a sengem klenge Kierper. Keng dräi Wochen op der Welt huet sech dat klengt Meedchen missten enger Operatioun ënnerzéien. Béid Föten goufe mam Succès entfernt. 8 Deeg mi spéit konnten d’Elteren d’Spidol mat engem gesonde Kand nees verloossen. Wéi dëst Phänomen zustane bleift bis ewell ee Geheimnis. Am dësem Fall ginn d’Dokteren dovunner aus datt hei e puer Ofdreiwungen vun der Mamm eng Roll gespillt hunn.