Opgeflunn: Teenager gëtt sech 1 Mount laang als Dokter aus

E puer Woche laang huet en Teenager sech an enger amerikanescher Klinik als Anästhesist ausginn.

Leschten Update: 09.02.2015, 11:03:09

© HECTOR RETAMAL / AFP

Mat engem wäisse Mantel, enger Mask an engem Stethoskop vum St. Mary Hospital ass den Teenie duerch d'Klinik gelaf a kengem opgefall. Wéi seng "Tarnung" opgeflunn ass, war hie grad bei engem Patient op der Kummer.

Wéi de jonken Dr. Robinson (Wéi hie sech selwer genannt huet) mat engem Patient fir eng Ënnersichung bei den Dr. Sebastien Kent koum, ass dëse skeptesch ginn an huet d'Security geruff.

"D'Doktere ginn ëmmer méi jonk", sou den Dr. Kent.

Um Enn huet sech eraus gestallt, dass den Teenager selwer un enger Krankheet leide géing an seng Medikamenter net ageholl hat.