Twitter: Job verluer wéinst Tweet

Ëmmer nees tauche Geschichten op, bei deene Leit hir Aarbecht verluer hunn, well se eng Dommheet op Twitter oder Facebook gepost hunn.

Leschten Update: 10.02.2015, 14:48:06

© screenshot/twitter.com

Trotzdem schéngen et ëmmer nach Leit ze ginn, deenen och elo nach net kloer ass, dass dat "Gefacebook a Getweets" negativ Auswierkungen kann hunn.

D'Twitter-Userin @Cella_ huet déi Erfahrung missten op eng negativ Aart a Weis maachen. An d'ganz Welt krut mat, wéi d'Cella säin Job méi séier verluer, wéi et e krut hat:

© screenshot/twitter.com


D'Äntwert vum Chef huet dann och net laang op sech waarde gelooss:

© screenshot/twitter.com