Lack a Lieder: Sadomaso-Schëff fiert nees iwwert de Bodensee

Ab dem 20. Juni dierf d'"Torture Ship" nees iwwert de Bodensee fueren a vill Leit, déi op SM stinn begeeschteren.

Leschten Update: 11.02.2015, 10:02:22

© 000_Was8899546

2015 dierf d'Schëff endlech nees fueren. Vill Leit haten sech leschte Summer ëffentlech driwwer opgereegt, dass e Sadomaso-Schëff iwwerhaapt den OK krit hat, fir um Bodensee ronderëm ze fueren. Dowéinst gouf et schonn no der 18. Kéier nees ofgesat.

Elo gëtt et awer nees Gréng Luucht fir d'Torture Ship! 2015 dierf d'Schëff nees fueren, dierf awer net méi fir Sex-Trajete benotzt ginn. Heescht: Keng Better oder Darkroom méi um Boot.

Fir den Organisateur Thomas Siegmund ass dat kee Problem, um Schëff goufen et souwisou ni Better.