Brasilien: Geschäftsiddi fir Männer mat wéineg Zäit!

Ville Männer feelt d'Zäit an d'Loscht fir shoppen ze goen. Eng brasilianesch Kleeder-Firma huet eng clever Geschäftsiddi.

Leschten Update: 13.02.2015, 10:35:51

© screenshot/youtube.com

Mat enger skurriler Reklammenaktioun huet eng brasilianesch Moudefirma op sech opmierksam gemaach. Fir de Männer, déi de ganzen Dag schaffen an och soss net vill vu Shopping halen, e bëssen ënnert d'Äerm ze gräifen, hunn si komplett Outfitten un Drohne gehaangen (mam Präis natierlech) a loossen déi virun de Fënstere vu grousse Büroe fléien.

Ob dat elo eescht gemengt war, oder einfach nëmmen e clevere Marketing-Geck, d'Firma huet mat dëser Aktioun op jidder Fall op sech opmierksam gemaach.