Wikipedia als Buch: 7600 Exemplären

Virun 3 Joer huet de Kënschtler Michael Mandiberg de Projet "Print Wikipedia" lancéiert. Elo ass den Drock vun de 7600 Exemplären ofgeschloss.

Leschten Update: 19.06.2015, 10:56:41

© LIONEL BONAVENTURE / AFP

Di éischt 91 Bänn sinn alleng nëmme fir d Inhaltsverzeechnes do. Duerno kommen 36 Bänn iwwert déi 7,5 Millioune Mënschen déi säit der Wikipediagrënnung am Joer 2001 Artikelen online gesat hunn.

Et sief och erwähnt, dat de Mandiberg nëmmen déi englesch Versioun vu Wikipedia geprint a gebonnen huet.

D'Iddi hannert sengem Projet: De Léit weisen, wei vill Material déi Encyclopedie enthale kann.

Wien interesséiert ass, kann sech déi 7600 Bänn och bestellen. D'Käschten leien bei 500 000 Dollar.