Aua: Grousse Respekt viru klengem Nussknacker

Virun allem d'Männer fäerten de klenge Pacu-Fësch, deen op Däitsch och nach "Hoden-Beisser" genannt gëtt!

Leschten Update: 24.06.2015, 15:57:06

© screenshot/youtube.com

Männer an Ohio, Schweden, Éisterräich a Paräis opgepasst! Iwwerall hei kann ee vum Pacu-Fësch gebass ginn! An dat op enger Plaz wou et richteg wéi deet! De Fësch huet säi Spëtznumm nämlech net vun iergendwou hir! Medien no, soll esou e Bass souguer scho Leit d'Liewe kascht hunn.
De Pacu-Fësch huet nämlech e Gebëss mat Zänn, wéi mir et vun eis Mënschen hir kennen a kënnt aus Südamerika. An de leschte Joren gëtt de "Nussknacker" awer ëmmer méi dacks an Europa gesinn.

Déi leschte Kéier, dass esou e Fësch gesi ginn ass, war awer zu New Jersey. De Ron Rossi huet de Fësch beim Fësche gesinn, an e fir e Piranha gehalen. Eréischt am September lescht Joer gouf esou e Fësch an Éisterräich aus der March gezunn an och aus der Seine gouf ee Pacu-Fësch gefëscht.

Oppassen heescht et beim Schwammen, well d'Fësch sinn dofir bekannt, dass se d'Männer dohinner bäisse, wou et richteg wéi deet! Dofir gëtt och geroden, d'Schwammbox onbedéngt unzehalen, sollt een an engem vun dëse Länner oder Stied an engem Séi schwamme goen.

Wahrscheinlech goufen d'Fësch an Europa ausgesat. Wien e Pacu-Fësch ausserhalb vu vu sengem natierleche Liewensraum fënnt, soll en dofir op human Aart a Weis doud maachen, fir esou eng weider Verbreedung ze verhënneren.