
© freepik.com
Den Internet-Phenome Kaze-Videoe bréngt also méi wéi nëmmen Ënnerhalung! Fir d'Etude gouf getest wéi sech esou Videoen op eis Laun auswierken. "Verschidde Leit mengen, Clips iwwer Kazen, wiere net serieux genuch fir den Titel vun enger Recherche. Mä Fakt ass, dass et eng vun deene meeschte Saachen am Internet ass, déi d'Leit maachen!", sou d'Jessica Gall Myrick, Leeder vun der Etude.
Iwwer 2 Millioune Kaze-Videoe sinn alleng 2014 op Youtube eropgeluede ginn a bal 26 Billioune Mol gekuckt ginn!
Majo da kënnt elo mol e bësse gutt Laun: