
© AP/Noah Berger
Fir d'Besëtzer, déi de Quasi Modo aus engem Déierenasyl geholl hunn, ass et e Präisgeld vun 1500 Dollar ginn. Et ass déi 2. Kéier, dass de Mupp beim Contest matgemaach huet. Bei der Gebuert koum et zu Komplikatiounen an d'Schied hunn dozou gefouert, dass de Réck vum Hond elo ze kleng wierkt...
Näischt desto trotz ass de Quasi Modo e frëndlechen a verspillte Mupp!
Beim Contest, deen elo scho vir déi 27. Kéier organiséiert ginn ass, ginn d'Déieren no Ausgesinn, Perséinlechkeet a Reaktioun vun de Leit ronderëm bewäert.


