Google: Neie Foto-Déngscht mat Pann...

Mir kennen déi automatesch Tagging-Funktioun scho vu Facebook. Google suergt domatt elo fir e Skandal!

Leschten Update: 02.07.2015, 13:36:18

Op enger eegener Foire huet Google nieft dem Android M de neie Foto-Déngscht "Google Photos" virgestallt. Leider huet sech Google elo domatt kee Gefale gedoen! Grond dofir ass nämlech déi automatesch Tagging-Funktioun.

Leit mat däischterer Hautfaarf sinn do nämlech als Gorilla getaggt ginn!

Eigentlech soll d'Funktioun hëllefen, Fotoen a verschidden Themen ze sortéieren. Eng Foto vun engem Parking soll z.B. an d'Kategorie "Autoen" gesat ginn. D'Iddi dohannert ass jo och eigentlech guer net esou schlecht!

D'Twitter-Userin @jackylcine huet awer elo gewisen, dass déi Funktioun och ganz schéin donieft leie kann!