Gestart: Mann flitt mat 110 Ballone Richtung Himmel

E Kanadier ass mat 110 Ballonen déi un engem Gaardestull festgebonne waren, vir d'éischt an den Himmel, dunn an de Prisong geflunn.

07.07.2015, 10:07:57

© screenshot/youtube.com

Dem Daniel Boria gehéiert e eng kleng Firma déi sech op Fallschierm-Sprange spezialiséiert huet. Mat senger neister Aktioun wollt hien u sech nëmmen e bëssi Reklamm dofir maachen.

Op engem Rodeo a Calgary, wollt hie vun uewen erof sprangen a sécher mam Fallschierm ënnen ukommen. Allerdéngs war de Wand esou staark, dass den Daniel komplett vu senger Route of kommen ass. Fir hi selwer, war d'Aktioun trotzdem en Erfolleg - Net awer esou fir d'Police!

Däi huet de Mann festgeholl a wéinst Beschiedegung vu friemen Eegentum verklot.