Keng Chance: Vun enger Banann op d'Banann getraff!

Op eng Kéier koum eng Banann wéi aus dem Näischt geflunn an huet e Mann a Massachusetts um beschte Stéck getrafff.

Leschten Update: 08.07.2015, 09:31:51

© piqs.de

Skurrilen Asaz fir d'Police. Een Onbekannten hat do eng Banann aus der Fënster vu sengem Auto geheit, wéi hi laanscht gefuer ass, déi dunn onglécklecherweis e Passant direkt tëscht d'Been geflunn ass an de Mann op där Plaz blesséiert huet.

"Ech si vun enger Banann op d'Banann getraff ginn", sou de Blesséierten, wéi hie mat Péng an e Supermarché gehumpelt koum. Vun do aus ass de Mann an d'Klinik bruecht ginn a gouf een Dag krankgeschriwwen.

D'Banann, déi aus dem Auto eraus geheit ginn ass, konnt net fonnt ginn an domatt ass d'Police sech net ganz sécher, ob déi Geschicht och wierklech esou passéiert ass.