Gratis: Zeitung verschenkt Insekte-Glace!

The Economist wollt mat dëser Aktioun op Insekten als Nahrungsmëttel opmierksam maachen.

Leschten Update: 09.07.2015, 10:23:52

© The Economist

Verschidde Restauranten an Europa bidde schonn eng länger Zäit Heesprénger, Keefer oder aner Insekten als Plat un. A London wëll d'Zeitung "The Economist" dofir elo e bëssen nohëllefen a verdeelt nach bis de 17. Juli matten an der Stad Glace... Wie wëll kann hei seng Liiblingszort wéi z.B. Äerdbier oder Schokla gemëscht mat Insektestécker, wéi Heesprénger probéieren!

Ziel wier et, esou d'Zeitung, op d'Insekten als alternativ Nahrungsmëttel opmierksam ze maachen. Et wier méi gesond wéi Fleesch, méi bëlleg, nohalteg an der Produktioun an einfach ze verschaffen.

E Gudden!