
© Russian Interior Ministry
Fir ze verhënneren, dass déi Zuelen nach weider klammen, huet d'Police um Dënschdeg eng Broschür eraus ginn, an der genee erkläert gëtt, wéi een e Selfie mécht, ouni sech selwer wéi ze doen.
Ënnert dem Motto "E coole Selfie kann dech d'Liewe kaschten" soll esou verhënnert ginn, dass z.B. sech ee beim Knipse selwer an de Kapp schéisst, wéi am Mee zu Moskau. En 21 Joer alt Meedchen hat sech do ongewollt blesséiert, wéi et sech mat enger Pistoul an der Hand fotograféiere wollt. Hat huet iwwerlieft.
Am Ural hunn 2 Männer mat enger entsécherter Handgranat virun der Kamera poséiert, déi lass gaangen ass. Den Handy huet dat Ganzt opgeholl. An am Rjasan war e jonke Mann fir e Selfie iwwert Eisebunnsschinne geklotert an ass dobäi géint e Stroumkabel komm.
