Getéitscht: Schlechste Chauffeur op der Welt?

De Chauffeur vun dësem klengen Auto packt et einfach net sech eenegermoosse riicht an déi grouss Parkplaz ze stellen... a begeet um Enn Fahrerflucht!

Leschten Update: 13.07.2015, 09:59:01

© screenshot/youtube.com

Eigentlech hätt et kënnen esou einfach sinn... Leider souz déi falsch Persoun um Stéier vum klenge giele Fiat! Elo gouf de Video vun enger Iwwerwaachungskamera a Schottland publizéiert, deen an engems als Beweismaterial gëllt!

Beim Parken huet de klenge Fiat et nämlech direkt e puer Autoen ze beschiedegen, wourops hinn hien sech duerch d'Bascht mécht. Domatt awer net genuch! Zweemol kënnt de Chauffeur zréck fir d'Spueren ze verwëschen...