China: Brëscht gewuess wéinst ze vill Chicken Wings!

D'Brëscht vun Student goufe ëmmer méi grouss, bis hie bei den Dokter gaangen ass!

Leschten Update: 17.07.2015, 09:21:16

© screenshot/buzz.at

Well e 26 Joer ale Student aus China ze vill Chicken Wings giess hat, sinn him op eng Kéier weiblech Brëscht gewuess! A well déi ëmmer méi grouss gi sinn, ass hien bei den Dokter gaangen.

Déi hunn eraus fonnt, dass d'Hormonen an den Chicken Wings un dëse Wuesstem Schold sinn! D'Dokteren hunn dem jonke Mann geroden, d'Flilleken op der Säit ze loossen a méi Geméis ze iessen.

A China ginn ëmmer méi Chicken Wings konsuméiert. Vill Flilleken géingen awer an Europa duerch d'Gesondheetskontroll falen!