
© AFP Archive Foto
Zënter bal 10 Joer schäisst nämlecht een Onbekannten an d'Lächer vun enger Golfplaz. Nee, dat ass kee schlechte Witz, mee Wierklechkeet.
Ugefaang huet alles bei der norwegescher Meeschterschaft am Joer 2005 wéi een bei den leschten Virbereedungen festgestallt huet datt sech eng Persoun an zwee Lächer vun der Bunn erliichtert huet. Zënterhier fënnt een ëmmer nees vollgeschasse Lächer op der Bunn. Am heefegsten läit iwwregens eppes am Lach Nummer 3...
Den Täter konnt bis ewell net identifizéiert ginn. Dat läit wuel och dorunner dass de Golfklub keng Erlaabnis kritt huet, eng Iwwerwaachungskamera opzeriichten.Fir den Täter of-ze-schrecken goufe Luuchten un engem Bam montéiert. Mä net mam "Serie-Schäisser"...fir sech net erwëschen ze loossen ass den Täter nämlech op de Bam geklomm an huet d'Luten einfach ofmontéiert....