Daniel Radcliffe performt Slim Shady!

Als klengen Harry Potter bleift en an Erennerung, ma esou hätt ee sech den Daniel Radcliffe net virgestallt: e performt dem Eminem säin Hit "Slim Shady"

Leschten Update: 21.07.2015, 08:29:42

© BEN STANSALL / AFP

Och Schauspiller hu mol Spaass mat Karaoke! Ma wien hätt vum Harry Potter-Star Daniel Radcliffe erwaart, dem Eminem säin Hit "Slim Shady" esou gutt ze performen. Sécherlech en Highlight ass och di Dame u senger Säit. D'Erin Darke ass eng laangjäreg Frëndin vum Radcliffe an zitt d'Bléck op sech. Wat awer wuel un de witzegen Danzbewegungen, déi net ëmmer am Takt si, leit.