Golfer entléisst Caddie während der Ronn

De Golfprofi Robert Allenby war alles aneschters wei zefridde mat sengem Caddie an huet de Mann tëschent de Schléi entlooss. En Ersatz war séier fonnt.

Leschten Update: 06.08.2015, 10:17:13

© GLYN KIRK / AFP

En 61 Joer ale Schouldirekter a Supporter vun der PGA-Tour huet dem Golfspiller Robert Allenby ugebueden säi Caddie ze ersetzen, nodeems den 41 Joer alen Australier deen entlooss hat. De Caddie hat dem Allenby geroden en aneren Schleier ze benotzen. Amfong wollt de Profigolfer dat awer net, huet et trotzdem gemaach an de Schlag ass grëndlech donieft gaangen. Konsequenz: De Caddie konnt seng Saache paken.

D'Offer vum Supporter koum deemno geleeën. Hëllefe sollt et awer net, den Allenby, ee vun de beschten australesche Golfer huet kuerz duerno no schwaachen 81 Schléi am éischten Tour op de weidere Verlaf vum Tournoi verzicht.