
© JEWEL SAMAD / AFP
Wëll 52 Prozent vun de Brasilianer Iwwergewiicht hunn, verkeeft den Alberto Brenner Junior elo XXL-Griewer op sengem Kierfecht un. D'Griewer sinn 1m30 breet an 2m40 laang. Domat bidden déi Griewer ronn 2 Quadratmeter méi Plaz wei en hondsgewéinlecht Graf.
Mënsche mat 350 Kilo kennen also ouni Problem begruewe ginn. Am Fall wou, kann och eng Persoun mat bis zu 500 Kilo sécher ënnert d'Äerd bruecht ginn.
1.260 der Griewer sollen an nächster Zäit dobäikommen. D'Käschte fir den Ëmbau vum Kierfecht leie bei ëm 16 Mio. Euro. En XXL-Graf soll ronn 21.700 Euro kaschten.