No 98 Joer: Converse kréie neien Design

Di legendär "Chuck All Star" gesi säit praktesch 100 Joer nämmlecht aus. Elo verschwënnt ënnert anerem di schwaarz Sträif un der Suel.

Leschten Update: 29.07.2015, 08:33:19

© Eldoradio

Et ass den Traditionsschung schlechtin: D'Converse "Chuck All Star", déi Schong déi nom Basketballspiller Chuck Taylor benannt sinn. Millioune Mënschen op der ganzer Welt droen se an alle Faarwen. Elo hellt den Hiersteller Ännerunge fir:

Di schwaarz Sträif uewen un der Suel a laanscht d'Säit vum Schong verschwënnt. D'Suel gëtt an Zukunft dann och vu Nike hirgestallt. Si soll méi déck a gedämpft ginn. Och d'Reng vun de Stréckelen wäerte net méi an de Metallfaarwen ze gesi sinn, ma an der Faarf vum Schong.

Di kleng Ännerunge wäerten och de Präis vun de Converse hiewen, ma ween net agesäit dofir méi Suen auszeginn: Di al Schong bleiwen och mol nach am Geschäft.