All drëtt Fra huet schlechte Sex!

35% vun de Fraen hunn enger neister Ëmfro an Däitschland no schlechte Sex. Dobäi schlofen si am Schnëtt 3x an der Woch mat hirem Partner.

Leschten Update: 06.08.2015, 13:35:47

© Piqs.de


Vill Sex hunn, an awer net zefridden sinn? Dat op jiddwer Fall seet eng nei Ëmfro di an Däitschland zum Thema Sex gefouert gouf. Befrot goufen eng 3000 Fraen zu hire Sex- Virléiften an hirer Partnerschaft.

All drëtt Fra wënscht sech bessere Sex.

Op d'Fro wéi zefridden si mat hirem Sexliewen ass, hutt all 3te Fra uginn, dat si éischter onzefridden ass. 33% vun de Fraen wënschen sech e bessert Sexliewen.

De Mann gëtt sech keng Méi, de Sex dauert net laang genuch.

Am Schnëtt dauert de Sex bei däitsche Koppelen 10 Minutten.  Fir d'Fraen vill ze mann. Opfälleg war dass d'sexuell Zefriddenheet vun der Fra ofhëlt, wat si méi laang mat engem Partner zesummen ass. Während Fraen, deenen hir Bezéiung manner wéi 2 Joer gedauert hutt mat ronn 42% ganz zefridden waren, sinn et 5 Joer méi spéit schonn just nach 16% déi ganz zefridden sinn.
Haaptkritikpunkt vun der Fra: de Mann gëtt sech net méi drun.

Frae kréien net dat wat si wëllen.

57% vun de Fraen hutt uginn dass de Frënd oder Mann net op all hir Wënsch ageet an si sou sexuell net zefridde stellt. 5% hunn souguer uginn dass hire Partner hir Wënsch guer net kennt.

© afp