Amerika: De Mann mat de Popeyes-Äerm

De Jeff huet immens grouss a breet Äerm. Vum Spinat-Iesse kommen déi awer net!

Leschten Update: 07.08.2015, 14:12:40

© Jeff Dabe - Minnesota arm wrestler/facebook.com

Dem Jeff Dabe seng Äerm sinn esou grouss wéi muncher engem seng Uewerschenkel! Eng Erklärung dofir gëtt et awer net... Dokteren hu bei Ënnersichunge keng Abnormalitéite feststelle kënnen.

Schonn als Puppelchen hat dee mëttlerweil 52-Järege vill méi grouss Äerm wéi aner Kanner. Mat Kraafttraining huet de Jeff, déi du méi spéit nach weider gestäerkt an esou schonn eng ganz Rëtsch Concoursen am Armdrécke gewonnen, bis dass hien eng Kéier blesséiert gouf.

Den Ament trainéiert den 52 Joer alen Amerikaner awer fir nees kënnen unzetrieden. "Wann d'Leit meng Äerm gesinn, da sinn se vir d'éischt emol geschockt. Dat verschaaft mir e Virdeel", sou de Jeff.