Uni: Student kuckt Porno a jidderee kritt et mat (VIDEO)

De Student sëtzt an der Virliesung, "schafft" um Laptop a blaméiert sech mega...

Leschten Update: 14.08.2015, 11:07:44

De Student sëtzt an der Virliesung a "schafft" op sengem Laptop. Dobäi huet hie Kopfhörer un a mierkt awer net, dass déi net agestach sinn. Resultat: All Mënsch héiert dass hien a Wierklechkeet e Porno kuckt. D'Reaktioun vum Student: kuckt selwer...

Ma di ganz Aktioun war geplangt. De Student vun der Uni vu Sydney huet nämlech direkt e puer Videoe gedréint an deenen hien di penibelst Situatioune vu Studente nogestallt huet.