An hei?!Déi gréisste Gefore bei Pokémon Go

Nerds (oder Normalos) hänken dank Pokémon Go net méi de ganzen Dag dobannen, mä liewen awer méi geféierlech! Hei kommen déi 9 gréisste Geforen...

Leschten Update: 12.08.2016, 10:02:38

© NICOLAS MAETERLINCK / Belga / AFP

Halt d'An op!
Leit lafe wéi mëll ronderëm a kucke just nach op hirem Handy. Dat ka geféierlech ginn! Gutt wann d'Leit de Pokémon-Jeeër automatesch aus dem Wee ginn. Schlecht awer wann d'Stroosseluuchten op rout schalten oder aner Hindernisser am Wee sinn. De 6. Juli sinn zwee jonk Männer zu San Diego 30 Meter en Hang erofgefall, well si op der Sich no Pokémon waren! Dofir Handy op der Säit loosse wann dir mam Auto fuert an ab und zu emol ronderëm sech kucken amplaz den Display ze fokusséieren.




Opgepasst virum Real-Life Team Rocket!

Op de 22 Joer ale Michael Baker aus Oregon gouf während senger Sich no de klenge Monstere mat eng Messer agestach. Éier de Jong awer an d'Klinik gaangen ass, wollt hien säin 151. Pokémon nach afänken?! Donieft sollen et Onéierlecher ginn, déi sech dorobber spezialiséiert hunn, bei Arenaen oder Pokéstops ze waarden an de Spiller do de Smartphone klauen...

Läiche kräizen de Wee?!
E ganz krasse Fall gouf et zu Riverton, wéi eng 19 Joer jonk Fra op der Sich eng Waasserläich amplaz vun engem Pokémon fonnt hat! 

Käschtepunkt
D'App kann zwar gratis erof geluede ginn, trotzdem ginn engem iergendwann d'Pokébäll aus. Am Shop vun der App kann een Items tëscht 0,99 Cent an 99 Euro kafen. Eltere sollten also oppassen, dass si d'Shopfunktioun bei deene Klengen ausschalten, soss kéint et en deiere Spaass ginn.

Eidelen Akku
Dass d'App den Akku frësst ass bekannt. Net ëmsoss lafen d'User mat Powerbanks ronderëm. Wien also vill op d'Juegd geet, riskéiert, dass wann den Handy platt ass, net méi erreechbar fir anerer ze sinn a wichteg Uriff ze verpassen... Mä do muss jidderee seng Prioritéite selwer setzen.

Pokémon Go mécht süchteg
Och wa Pokémon Go zum Gréisstendeels dobaussen an der Natur gespillt gëtt, leeft een trotzdem Gefor süchteg nom Spill ze ginn (wann net nach méi!). Am schlëmmste Fall kann een esou de Kontakt zur Realitéit verléieren...

Ab an de Prisong!
Dës Gefor gëllt nëmme fir iech wann dir virbestrooft a gesicht gitt. Op der Sich nom engem bestëmmtPokémon ass en 19-Järegen der Police zu Tréier direkt an d'Äerm gelaf a gouf festgeholl.

Dateklau
Duerch d'App ka genee erausfonnt ginn, wat deng Liiblingsplaze sinn, wou s de schaffs, wou s de wunns. Kombinéiert een déi Infoe mat dengem Numm, denger E-Mail etc. kann Niatic, déi Pokémon Go op de Marché bruecht hunn, grouss Geschäfter mam Verkaf vun dengen Date maachen! Dofir esou wéineg méiglech perséinlech Daten aginn an a Synonym als Username benotzen.

BOMMENALARM!
Opgepasst viru besonnesch beléifte Pokéstops mat seelene Pokémon. Zu Sydney sinn eng Onmass un Trainere bei esou e Stop gepilgert. Genervt Noperen hunn doropshin d'Police geruff, déi allerdéngs relativ laang gebraucht huet fir ze kommen. D'Leit hunn dunn ganz einfach mat Waasserbommen an Eeër op d'Pokémon-Trainer geschoss.