An hei?!Youtuber erfëllt sech e Kannerwonsch

Wien huet net fréier op der Schaukel versicht esou héich wéi méiglech ze schaukelen an trotzdem keen Iwwerschlag gepackt?...

Leschten Update: 13.08.2016, 06:33:52

© screenshot/youtube.com

De briteschen "Garagenerfinder" Colin Furze, wéi hien sech selwer nennt, huet sech mat sengem neiste Wierk dëse Kannerwonsch erfëllt! Mä opgepasst: NET NOMAACHEN!

Den "360 Swing Project" ass deen neiste Video, deen de Brit viru Kuerzem op säin Channel gelueden huet a gouf mëttlerweil schonn iwwer 800 000 Mol geklickt. Nieft der Schaukel, déi sech iwwerschloe kann, huet den Hobby-Entwéckler och nach en Hoverbike an en Jet-GoKart gebastelt.