An hei?!Onbemierkt am Backstage & op der Bühn!

Et ass wahrscheinlech déi bescht Festivals-Geschicht vum Joer! Den Ausléiser? Alkohol...

Leschten Update: 16.08.2016, 18:47:38

© facebook.com/Philip Demole

Vum 12. bis de 14. August leeën am däitsche Saalburg eng ganz Rëtsch un groussen DJen op! Dëst Joer huet ee Festivalgänger zesumme mam Kalbrenner a Rudimental op der Bühn an am Backstage gefeiert!

De Philip weess zwar net méi wéi genee hien do gelant ass, mä iergendwéi huet hien et mat enger verdeckter Kap an engem Häerz-Brëll an de Backstage gepackt a huet Rudimental erzielt, dass hien eigentlech en normale Festivalgänger wier. Déi hunn de Philip du einfach mat op d'Mainstage geholl!

An elo dat Bescht: De Production Manager vum Festival wollt un der Bühn wësse wien hie wier. Op d'Behaaptung hin, de Philip wier den DJ Lexer, deen och zum Line Up gehéiert huet, wollt een him nach en Artisten-Bändche ginn!

Leider ass dat Ganzt opgeflunn, well de Philip de richtegen Numm vum DJ Lexer net méi wousst (deen ass iwwregens Alexander Wittig).