An hei?!No Pokémon elo "Harry Potter Go"?

Nodeems Pokémon Go déi erfollegräichst App iwwerhaapt ginn ass, versichen elo Fans vun Harry Potter un deem Erfolleg unzeknäppen.

Leschten Update: 18.08.2016, 11:22:42

© screenshot/youtube.com

"Harry Potter"-Fans beschwéieren sech, dass si net och esou e flott Spill kritt hunn... Dofir gouf als Reaktioun op d'App direkt eng Petitioun gestart. Domat gouf versicht Warner Bros. dovun ze iwwerzeegen eng ähnlech App och fir d'Potter-Fans ze entwéckelen.

Iwwer 50 000 Fans hunn sech mëttlerweil schonn der Petitioun ugeschloss. Et gëtt allerdéngs nach keng Infoen doriwwer, ob Warner Bros. oder Niantic (Den Entwéckler vu Pokémon Go) wierklech eng Potter-App plangen oder iwwerhaapt doriwwer nodenken.

D'Fans hält dat awer net dovun of an Trailer fir eng méiglech App ze verëffentlechen: