An hei?!Ligestull-Krich an der Vakanz!

Wie vu Leit genervt ass, déi sech moies fréi e Ligestull mat engem Handduch reservéieren, huet besser dëse Video guer net ze kucken!

18.08.2016, 10:48:50

© screenshot/youtube.com

Ganz nom Motto "Ech hu genuch bezuelt, also wëll ech och déi beschte Plaz um Pool hunn" lafen d'Touristen no engem kuerze "GO" wéi mëll duerch d'Géigend an reservéieren direkt 6 oder méi Ligen mateneen!

Horror fir muncher een! Am Medplaya Hotel Flamingo Oasis schéngt dat awer Alldag ze sinn! E Video, deen zwar schonn e bësse méi al ass, mécht grad d'Ronn am Internet:



Sinn d'Ligestill all reservéiert, maachen sech d'Touristen nees op de Wee fir an d'Bett. Wiem et Spaass mécht...