An hei?!Friem gaangen: Mann rennt plakeg duerch d'Stroossen

Et hätt och kënnen eng Zeen aus engem Hollywood-Blockbuster sinn...

Leschten Update: 18.08.2016, 18:15:33

An Argentinien ass den Autoschaufferen op eng Kéier e komplett plakege Mann iwwert de Wee gelaf. Dat, well hien op der Flucht virum eigentleche Mann war!

De Friemgänger war nämlech no engem Säitesprong ënnert dem Bett entdeckt ginn a huet du missen esou séier wéi méiglech fort kommen. Zäit fir eng Box unzedoen, ass do natierlech keng bliwwen. Nëmme fir d'Strëmp an d'Schong ass et duerch gaangen. Et kënnt awer nach besser: Bausse waren et nëmmen ëm déi 6 Grad!

Een Autoschauffer huet déi penibel Zeen mam Handy fotograféiert an se um Internet gedeelt, wou se direkt hin an hir gaangen ass.

Um Enn huet sech e Chauffeur vun engem Camion erbaarmt an de Flüchtegen agesammelt.