An hei?!Naturspektakel: Blëtz a Form vun engem T-Rex!

D'Foto vum Blëtz mécht den Ament den Tour am Internet.

Leschten Update: 20.08.2016, 17:23:05

© screenshot/instagram

Vill Leit erschrecken sech wann et blëtzt an donnert. Dee Blëtz deen hei fotograféiert gouf, faszinéiert awer éischter, wéi dass en erféieren deet. Den US-amerikaneschen Inneministère huet d'Bild op Instagram gelueden an domat e richtegen Hype ausgeléist!

Op der Foto schléit e Blëtz an de Bueden an an hëlt, esou kommentéiert et op jidder Fall den Inneministère, d'Form vun engem T-Rex un!

Allerdéngs ass de Post net einfach nëmme fir de Spaass geduecht. mä soll d'Leit, déi am Nationalpark wandere ginn, op d'Gefore vun engem Donnerwieder opmierksam maachen. "Dacks kënnt et no engem Summer-Donnerwieder zu engem Monsun. Passt dofir op an informéiert iech iwwert d'Wieder éier dir wandere gitt."