
D'Eldo-Redaktioun huet d'Situatioun probéiert nozestellen.© Eldoradio
Zu Angkang, a China hunn 2 Fraen missen mat der Ambulanze fort transportéiert ginn. Policeberichter no, hunn déi 2 weint onbezuelten Scholden géint 2 Auer Mëttes ugefaangen mat streiden. Well se awer net zu engem Konsens komm sinn, ass den Streit während 8 Stonnen weidergaange.
Bei tropeschem Klima, ouni Waasser an Iessen ass d'Diskussioun dann esou weit gaangen, dat eng vun den Fra anscheinend souguer Schaum virun Mond kritt huet.
Schlussendlech hunn Passanten an der Strooss dunn eng komesch Szen missen erliewen, wou 2 Fraen zesummegebrach matten op der Strooss, um Buedem loungen an weint Erschöpfung an d'Clinique hunn missen bruet ginn.