An hei?!Neie Weltrekord fir déi gréisste Pärel op der Welt

E Mann hat während 10 Joer eng Pärel doheem déi den momentanen Weltrekord vun der gréisster Pärel brécht.

Leschten Update: 25.08.2016, 09:44:01

© TOURISM OFFICE/AFP

Bei Puerto Princesa, enger Stad op de Philippinnen, gouf viru kuerzem annoncéiert, dat et eng Pärel gëtt déi de momentane Weltrekord em Längte brécht.

En Fëscher hat des Pärel awer schonn säit ongeféier 10 Joer ännert dem Bett leien. Nodeem hien se duerch Zoufall aus enger riseger Muschel krut. Net bewosst vum Wäert, huet den Här se als Glécksbrénger ënnert dem Bett gehalen an all Daach virum erausgoen eng Kéier ugepaakt.
Public ass déi Megapärel ginn, wou hien se enger Tatta wollt ginn déi fir d'Gemeng vun der Stad schafft.
Déi huet direkt d'Potenzial vun dem Schmockstéck erkannt a probéiert d'Pärel iwwerpréiwen an als natierlech Pärel verifizéieren ze loossen.


D'Dimensioune vun der Pärel leie bei 67 x 30 cm.
Mat engem Gewiicht vu 34 Kilogramm géing se déi bis dato gréisste Pärel, déi e Gewiicht vu 6,4 Kilogramm huet, mat grousser Differenz iwwertrompen.
Witzigerweis ass déi och an der selwechter Geijend ronderëm 1939 vun engem Fëscher fonnt ginn.

De Wäert vun der Pärel gett op iwwer 100 Milliounen Dollar ageschaat.