An hei?!An dëse Méint loossen sech déi meescht Leit scheeden!

Eng amerikanesch Etude huet eraus fonnt, sech déi meeschte Leit am Mäerz an am August scheede loossen.

Leschten Update: 25.08.2016, 10:54:52

Sech scheeden ze loosse schéngt sou lues zu engem Trend ze ginn... D'Fuerscher Brines a Serafini vun der University of Washinghton hu Koppele vun 2001 bis 2015 méi genee ënnert d'Lupp geholl an eraus fonnt, dass sech déi meescht Koppelen am Mount Mäerz an August trennen.

Als Grond fir déi vill Scheedungen an deem Mount, nennen déi 2 Fuerscher d'Vakanzesaison! Dee Moment géing sech nämlech besonnesch op d'Famill konzentréiert ginn an d'Erwaardunge wieren zu deem Zäitpunkt méi héich wéi zu aneren Amenter am Joer.

Et freet een sech op eng flott Vakanz mat der Famill a mam Léifsten. Leeft dat Ganzt awer elo net esou of, wéi een sech dat erhofft huet, klëmmt d'Frustratioun. Dat kann am schlëmmste Fall esou wäit goen, dass sech Koppele kuerz no der Vakanz scheede loossen.

© Data from Washington state, Nov. 2001 - Dec. 2015 (Serafini and Brines)