
© MARTIN BERNETTI / AFP
Elo huet Tinder eng Lëscht verëffentlecht, an där genee steet, wie besonnesch gutt beim anere Geschlecht (oder och beim selwechten) ukomm ass an "Matches" gesammelt huet, rsp. geliked gouf:
Bei de Frae stinn iwwerraschenderweis d'Meedercher aus dem Dëschtennis op 1. Plaz! Dat iwwerrascht, well d'Spillerinnen eigentlech net déi model-typesch Moossen a Proportiounen hunn.
Plaz 2 geet un d'Hockeyspillerinnen, direkt virun de Rudderinnen. Weider geet et mat der Plaz 4 fir d'Gewiichthiewerinnen a 5. fir de Rugby. Op 6. Plaz fënnt een dann nach d'Schwëmmerinnen.
Bei de Männer sinn d'Tennisspiller op 1. Plaz. Do hannendrun kommen d'Gewiichthiewer an d'Konschturner. Op Plaz 4 steet Schéissen, da Judo a Boxen op 6. Plaz.