An hei?!Collant mat geprinten Zéiwenneel?!

Nees keng Zäit d'Zéiwenneel ze fierwen an et steet e wichtege Rendez-vous virun der Dier?

Leschten Update: 25.08.2016, 15:32:27

© belle maison

"Fake Nail Stockings" kommen, wéi sollt et anescht sinn, aus Japan a sollen engem anscheinend d'Pedikür erspueren. Den Androck kritt een op jidder Fall, wann een de Collant fir eng éischte Kéier gesäit.

Mat faarwegen Neel um Collant kann ee jo nach liewen, mä wien deet da w.e.g. e Collant mat Sandalen un?! Mir si gespaant ob den Trend vun den Zéiwenneel-Collanten och ausserhalb vu Japan Fans fënnt...

© belle maison

© belle maison