An hei?!Roude Paprika als Warndräieck

Panne op der Autobunn, mä kee Warndräieck dobäi? E Chauffeur aus Sachsen-Anhalt wousst sech ze hëllefen...

Leschten Update: 01.09.2016, 13:35:16

© screenshot/twitter.com

Gesäit zwar witzeg aus, soll awer net nogemaach ginn! Bei enger Panne op der A2 huet den Autoschauffer kuerzerhand improviséiert an eng Schossel mat roudem Paprika op d'Standspur gestallt, well e kee Warndräieck dobäi hat.





Eigentlech wier dat jo strofbar, mä de Chauffeur hat Gléck! D'Police huet dat Ganzt esou kreativ fonnt, dass si kee Protokoll verschriwwen hunn. Trotzdem wier e Warndräieck, déi besser Alternativ, esou heescht et an engem Post op Twitter.