An hei?!Bauer kritt 500 Kéi geklaut a mierkt et net

Engem Bauer aus Neiséiland sinn 500 Kéi am Wäert vu ronn 650.000 Euro vun senger Farm geklaut ginn, ma dem Besëtzer ass et net opgefall.

Leschten Update: 01.09.2016, 10:57:35

© PHILIPPE HUGUEN / AFP

Knapp 10 Millioune Kéi sinn a Neiséiland doheem, do fällt et wuel net op, wann der 500 verschwannen. Eigentlech kinnt een awer mengen, engem Bauer géif opfalen, wann esou eng grouss Unzuel u Mëllech-Kéi net méi op der eegener Farm ze fannen sinn. Ma tëscht Ugangs Juli an Enn August ass dem Besëtzer de Déifstall awer net opgefall. Elo rechent kee méi domat d'Kéi nach eemol erëm ze fannen. 

E Member vun der Farmers Industrie geet dovun aus dat di 500 Kéi iergendwou illegal geschluecht gi sinn. Den Handel mam Fleesch ass e gutt Geschäft a Neiséiland. Ma d'Angscht vun der Hygiène geet ëm. Esou eng grouss Unzuel vun Déiere onbemierkt ze verschaffen, kann dem Andrew Hoggard no, nämlech net propper oflafen. 

De beklaute Bauer huet 1300 Béischter op senger Farm stoe gehat, dovunner sinn der elo 500 fort. D'Déiere si wuel während e puer Nuechten hannerteneen a klenge Camion'e vun der Farm geschmuggelt ginn.