
An der Gemeng La Teste-de-Buch, an der Geijend vu Bordeaux, ass viru kuerzem eng Massenschléierei ausgebrach.
10 jonk Typpe sinn, den Zeien no, komplett ugedoe op enger Nudistenplage ronderëm getrëppelt an hunn d’Leit, haaptsächlech Fraen ugeglotzt.
Domat hu se relativ hefteg géint di franséisch Nudisten Etiquette verstouss an goufen och schnell vun den Leit op der Plage domat confrontéiert.
Se krute gesot se sollten sech selwer ausdoen oder goen.
Doropshin sinn d’Teenager anscheinend vulgär ginn an hunn d’Nudisten domm ugemaach fir déi ze provozéieren.
Esou ass d’Masseschléierei dunn ausgebrach. Faïscht si geflunn a Sand gouf geworf.
Et huet net laang gedauert bis d'Police, déi dann awer a voller Montur komm ass, geruff ginn ass fir den Wirr Warr vun plakegen an ugedoen Leit ze trennen.
2 vun den Teenager déi probéiert haten fortzelafen goufen och nach festgeholl.