An hei?!Abriecher schléift am Hond sengem Kierfchen

An Däitschland huet en Abriecher d'Nuecht op eng relativ komesch Aart a Weis verbruecht...

Leschten Update: 07.09.2016, 07:17:36

© freepik.com

Géint 4 Auer Moies ass den Abriecher duerch eng gekippte Fënster an en Haus am Nordrhein-westfälesche Lüdenscheid geklommen. Allerdéngs wollt hien näischt klauen, mä huet einfach nëmmen eng Plaz gesicht fir ze schlofen. Déi huet hie schlussendlech och fonnt... Den Hond gouf aus dem Kuerf verdriwwen an den Abriecher huet et sech gemittlech gemaach, andeems hien sech nach mat der Decke vum Hond zougedeckt huet.

Wéinst dem Kaméidi sinn d'Besëtzer op de Mann opmierksam ginn an hunn d'Police geruff. De Mann, deen e relativ héijen Alkohol-Pegel hat, hätt et no enger Party net méi bis heem gepackt. Just an engem T-Shirt, enger Schwammbox a mat engem Strëmp um Fouss, gouf de Partygänger du bei e Kolleg gefouert.