
© facebook.com/clausjorstad
En IKEA-Stull ass fir de Claus Jorstad geféierlech ginn. De Norweger hat de Stull mam Numm Marius (e rouden Hocker mat Lächer dran) an der Dusch stoen, well hien um Knéi blesséiert war an am Sëtzen dusche misst. Hien huet sech op den Hocker gesat an net un d'Lächer uewen am Stull geduecht. Duerch déi waarm Temperaturen ass den Hode vum Mann méi grouss ginn an hien hat de Stull tëscht de Been hänken, wéi hien opgestanen ass.
Mat kale Waasser war awer séier nees alles beim Alen an de Claus war fräi. En huet sech nom Accident direkt per Facebook-Post bei IKEA gemellt a seng beschte Stécker "Skipper" a "Séimänner" genannt, déi a Séinout gerode wieren. D'Story gouf relativ heefeg geliked a krut eng kreativ Äntwert vum Miwwelhaus zréck: "Hey Claus, mir ginn dir de Rot, dass du däi Stull aus der Dusch hëls oder dech an deng "Matrousen" besser akleeds fir déi nächsten Excursioun."