An hei?!Ze vill geshoppt: Fra rifft Ambulanz

Well eng Fra nom Akafen esou midd war, dass si et net méi heem gepackt huet, huet si eng Ambulanz geruff.

Leschten Update: 08.09.2016, 14:10:37

© freepik.com

Dass esou e Shopping-Dag richteg ustrengend ka sinn, dat kënne vill Frae bestätegen. Eng jonk Englännerin hat d'Féiss nom Gerenns duerch Stratford-upon-Avon an England awer esou wéi, dass si den "999" ugeruff huet, fir si heem ze bréngen.

Richteg gelies! De Grond fir den Uruff waren d'Péng an de Féiss nom exzessive Shoppen!

D'Gespréich ass iwwregens BBC no esou ofgelaf:

"Ech muss nach 3 Kilometer trëppele bis ech doheem sinn. Ech packen dat net an dëse Konditiounen!"

"Wann Dir aus medezinesche Grënn net méi goe kënnt, da brénge mir Iech an déi nächst Klinik"

"Mä wéi maachen ech et da fir vun do heem ze kommen?!"

"Mir si keng Taxien!"