An hei?!Auto ënnergoe gelooss wéinst enger Spann

Well eng Fra sech virun enger grousser Spann erschreckt huet, ass si elo hiren Auto lass...

Leschten Update: 09.09.2016, 08:03:27

© piqs.de

Et ass den Albdram fir jiddereen deen Angscht viru Spannen huet! Eng 18 Joer jonk Fra aus Australien wollt mat hirem Auto eng Ramp fir op d'Fähr eropfueren, wéi op eng Kéier eng grouss Spann vum Siichtschutz op hire Schouss gefall ass. D'Fra huet sech doropshin esou erféiert, dass si esou séier wéi méiglech aus dem Auto eraus gelaf ass an dee Moment vergiess huet d'Handbrems unzezéien.

Den Auto ass am Floss gelant, wéi d'Australierin nach domat beschäftegt war, d'Spann lass ze ginn.

D'Mamm, déi komplett opgeléist op der Plaz ukoum, war just frou, dass hirem Meedchen näischt geschitt war. Si hat gemengt d'Meedchen hätt nach am Auto gesiess, wéi deen am Floss ënnergaangen ass.