An hei?!Léiwer an de Prisong wéi Heem bei d'Fra!

Wann et nom 70 Järegen Lawrence John Ripple geet, da bleift hien de Recht vu sengem Liewen am Prisong. Alles ass besser wéi doheem bei der Fra. 

Leschten Update: 09.09.2016, 10:45:46

© Wyandotte County Sheriff's Office

De 70 Joer ale Larence John Ripple wousst keen Auswee méi. En huet et doheem bei senger Fra net méi ausgehalen an amplaz sech ze trennen an iergendwou anescht nei unzefänken, huet den US Amerikaner de leschte Freiden eng Bank am US Bundesstaat Kansas iwwerfall. Dobäi huet en der Dame hannert dem Schalter en Ziedel ginn, wou drop stoung en hätt eng Waff a Si soll him d'Suen aus der Kees ginn. D'Suen huet en dunn och kritt, ma en ass awer net fortgelaf. En huet sech an d'Lobby gesat an op d'Police gewaart.

Den éischte Polizist deen op d'Plaz komm ass, huet de Mann ganz roueg virfonnt. De Lawrence John Ripple sot dem Polizist esou guer, dat hien dee wier, deen de Polizist géif sichen. 


D'Blat Pabeier dat de Mann der Dame aus der Bank iwwerreecht hat, huet en esou guer nach Doheem viru senger Fra geschriwwe gehat. En sot zu hier, e géif léiwer am Prisong setzen wéi bei hier Doheem.