An hei?!Matrasse-Reklamm geet no hanne lass!

Iwwer d'Reklamm vun engem texanesche Matrasse-Geschäft laache wuel déi mannst!

Leschten Update: 10.09.2016, 17:19:17

© screenshot/youtube.com

Den 11. September wäert wuel ëmmer als Dag vum Terror an de Käpp bleiwen. "Miracle-Mattress" aus Texas hunn sech bei hirer neister Reklamm e bëssen ze vill un dësem schrecklechen Dag inspiréiert a mussen sech elo virun enger ganzer Rëtsch Leit rechtfäerdegen!

Am Clip ze gesinn ass eng Fra, déi virun den "Twin Towers", gebaut aus Matrassen, steet an iwwer deen "onmoosseg" bëllege Präis schwätzt. Um Enn falen déi zwee Mataarbechter am Hannergrond no hannen a rappen d'"Twin Towers" mat ëm.

"We will never forget", heescht et um Enn. Déi Reklamm ass wuel komplett no hanne lass gaangen!



Mëttlerweil hunn d'Besëtzer agesinn, dass si e groussen an domme Feeler gemaach hunn an entschëllegen sech an engem Video: