
Insgesamt hätt d'Grupp 10 Automaten tëscht dem Mäerz an dem Dezember 2015 an d'Luucht gesprengt, fir hir Drogesucht finanzéieren ze kënnen a Scholde bezuelen ze kënnen. Allerdéngs hunn déi Onéierlech keen ee Cent bei hiren illegalen Aktioune kritt gehat!
Viru Geriicht huet e 34-Järegen elo gestanen, dass si hiert Wësse vun der "Sendung mit der Maus" hätten.
"Mir hunn domat gerechent, dass ech géif knuppen. Awer net esou haart"... Alle 5 kruten eng Prisongsstrof.