An hei?!Google Street View hëlt Privatsphär zimlech eescht!

Eng Panne bei Google gëtt zum viralen Hit!

Leschten Update: 20.09.2016, 05:40:06

© screenshot/google.com/maps

Neierdéngs schéngt d'Privatsphär-Software vu Street View hiren Job zimlech genee ze huelen. Esou gouf déi lescht Woch Folgendes entdeckt: Google Street View - Coe Fen

De User David Shariatmadari hat d'Déier entdeckt an direkt op Twitter gepost, wou de Screenshot méi wéi 16 000 Mol geliked gouf an 12 000 Mol gedeelt.





D'Kou mam verpixelte Kapp ass e kierzter Zäit zu engem Internethit ginn. Dem "Guardian" no, hätt sech Google selwer elo zu der Pann geäussert an huet erkläert, dass et kéint domat zesummen hänken, dass d'Kou op dem Wee oder Vëloswee stoung an net op enger Wiss.