An hei?!De Leonardo DiCaprio weess de Wee!

Eng eeler Koppel wollt weder en Autogramm nach eng Foto mam Acteur...

Leschten Update: 22.09.2016, 06:13:51

© KAZUHIRO NOGI / AFP

De Leo ass et als bekannten Hollywood-Acteur  scho gewinnt, no engem Autogramm oder enger Foto gefrot ze ginn. Nei fir de Schauspiller ass et allerdéngs wann e ganz banal op der Strooss nom Wee gefrot gëtt.

Eng eeler Koppel huet den "Wolf of Wall Street"-Star nämlech guer net erkannt an zu New York beim Trëppelen nom Wee gefrot. Oder awer, et war deenen zwee Touristen einfach nëmmen egal, wien do virun hinne stoung?

Op jidder Fall dierft de Leo déi Situatioun einfach emol eng Kéier genoss hunn!