
© afp
Mä wien elo mengt d`Tut wier voll mat Technik, dee gëtt leider enttäuscht. De Clou bei der Saach ass, dass d`Tut aus ronn 60 % Recycling-Pabeier besteet an awer stabil genuch ass fir méi schwéier Gadgeten ze transportéieren. Fir gewéinlech sinn d`Tute mat engem héijen Undeel u recyclabelem Pabeier relativ onstabil. Ze kafe kritt een d`Tut am Buttek net, mä wie bei Apple akeeft, kann seng Wueren an der patentéierter Tut heem droen.